CSGO TEAM

Sacha 'biitz' Schmitz

Team Captain

En Teamcaptain representéiert net nëmmen d’Team an d‘Organisatioun no baussen, mee soll och di ganz Equipe zesummenhalen. Déi domat verbonne Verflichtungen an Aufgaben hellt de Sacha mat vill Éiergäiz un. Ingame probéiert hien als flexibelen Allrounder di Lücken ze fëllen di sech an de Ronnen opdinn an Clutch Momenter, di en sou gären huet, fir sech ze entscheeden.

Jack 'bwzr' Veloso

IGL

Als Ingame-Leader versicht hien ee logeschen an effiziente Spillstyle op d'Been ze stellen, deen dem Team eng gewësse Fräiheet an Dynamik gi soll. Individuell probéiert hien éischter mi safe ze spillen a sicht di einfach Frags mat sengem gudde Positioning. De Fakt, dass den Jacques de Spagat tëschent der Teamkoordination an seng aner Qualitéiten ze weisen sou gutt hinkritt, predestinéiert hien an dësem LineUp IGL ze sinn.

Daniel 'dan' Alho

Player

Mat dem Daniel hunn mir ee vun deene beschten a konstantsten CS’ler an onseren Reien, wou dëst Land bis elo gesinn huet. Säin Spillverständnis a seng Decisiounen an wichtege Momenter kennen all Situatioun dréien. Die adequat Mëschung aus aggressive Spillzich an intuitiven Upassunge maachen säin enorme Wäert fir ons aus.

Gilles 'iNk' Raccogli

Player

Ugefaange mat Counter-Strike 2002, huet de Gilles sech schnell zu engem Top Spiller entwéckelt. Di wuel meeschtgefahrten AWP am Land ass bekannt fir säin aggressive Spillstyle. Net nëmmen duerch seng doraus resultéierend Entry-Frags entscheet hien oft Ronne virzäiteg. Och seng Iwwersiicht an Clutch Momenter kommen der Equipe ze gutt.

Artur 'crdS' Cardoso

Player

Den jéngsten aus der Ronn, ass och deenjéinege wou mat sengen onkonventionelle Moves zu all Moment am Match geféierlech ka ginn. Seng Entry-Frags leeden oft de Gewënn vu scho quasi verluere Ronnen an. Wann den Artur eng keier am Match ass, da steamrolled hien iwwer all Géigner.

We_Live_Games - Twitch

Twitch is the world's leading video platform and community for gamers. More than 45 million gamers gather every month on Twitch to broadcast, watch and chat about gaming. Twitch's video platform is the backbone of both live and on-demand distribution for the entire video game ecosystem.

Currently playing in 99DMG CSGO LEAGUE :